Op Invitatioun vun de RaRo vun den Ettelbrécker Scouten hu sech leschte Samsden, 6ten Abrëll eng gutt Partie Leit zesummefonnt, fir Dreck laanscht de Weeër a Stroossen ze sammelen.

Et erféiert een, wann ee gesäit, wat alles ouni Nozedenken an d’Natur geheit gëtt.

No der BA («bonne action») gouf et nach eng Belounung vum Grill.