2020 – 100 Joer Ettelbrécker Scouten

LGS Saint Sébastien Ettelbréck

Eise Grupp gouf gegrënnt als Jugendmouvement an der Par Ettelbréck. Dës Par hat als Patréiner den hellege Sébastien.

Save the Dates

1. Februar 2020 : Séance académique am CHNP

  • Konveniat an der Däichhal.
  • Ouschter-Gruppecamp (Mir sichen en neien Datum am nächste Scoutsjoer)
  • Scoutskiermes an der Däichhal. Verluecht op den 8. an 9. Mee 2021
  • 26. September 2020 : LGS-Kongress am Lycée Sainte-Anne Ecole privée pour jeunes filles

Froen? Kontaktéier eis!

15 + 8 =

Historique

Eis Virgänger

Les Buffles BleusBoys Scouts Ettelbréck, eng FNEL-Trupp, gegrënnt schonn 1914.

Géint 1918-1919

gëtt am Kader vum kathoulesche Jünglingsverein en neie Scoutsgrupp lancéiert.

1920

kënnt dann di national Unerkennung – mir sinn op enger Generalversammlung derbäi! Duerno ginn et nees net mi vill Spuren…

1931

gëtt rëm nei gestart, ënnert dem Impuls vum Kaploun Jos Kirch, mat Ënnerstëtzung och vum Dikricher Tony Noesen. Lo kënnt och e ganz aktivt Wollefsruddel derbäi! 1933 kréie mir genee sou äerdeg Rover!

1940

gouf de Verband, also och eise Grupp, opgeléist duerch den Nazirégime. En Deel Ettelbrécker Scouten hunn hiert Liewen am Krich verluer.

1945

gouf de Grupp rëm opgebaut an hat direkt schonn 104 Memberen. Vu lo u stinn och Auslandscampen um Programm.

An de 50er Joere

fluppt et: vill Scouten, vill Aktivitéiten!

An de 60er Joeren

gouf et eng Zäit vun Iwwergang: Sich no Gruppechefs – ganz aktiv Aumônierën – vill Wiessel bei de Chefs – an och eng Rei materiell Problemer. Et war awer och d’Zäit vu ville flotte Stécker Scoutstheater!

An de 70er Joere

fanne mir aktiv Wëllef, Explorer, Pionnéier, Rover – a Gamma zu Ettelbréck! Mir kréien endlech en eegene Chalet – an organiséieren zanterhier eis Scoutskiermes… Och d’Traditioun vun eiser Gruppe-B.A. um Ettelbrécker Chrëschtmaart ass e Kand vun de 70er.

An den 80er

verschmëlzen d’Gamma an d’Wëllef zu engem eenzege Ruddel: allebéid profitéieren dervun.

An den 90er,

no der Fusioun vun LG an LS, gi mir en LGS-Grupp. Heiansdo fanne Meedercher de Wee bei eis. Mat eise Guideschwëstere vum Grupp Ermesinde schaffe mir mol méi, mol manner enk zesummen.

Bis haut

sinn di Ettelbrécker Scoute vun all Alter gäer bei nationalen an internationalen Aktivitéiten derbäi.

Méi Détailer fënns du am Buch 80 Joer Ettelbrécker Scouten – e laangen Dag.

Dëst Joer kënnt och en neit Fotosbuch 2000-2020 als Complément. Um Jubiläum kriss du déi zwee Bicher ze kafen!

d’Ettelbrécker Scoutstäschemesser

Als besonnesche Gadget gëtt et en Victorinox-Täschemesser vum Modell Camper. Fir 28€ kënnt dir et op eise Jubiläumsaktivitéite kafen.

Bestell-formulaire :

saintsebastien.lgs.lu/taeschemesser