Gëff Guide/Scout

Invitatioun:

PORTE OUVERTE 26.09 14:00 – 16:00

Ëmmer bereet

Ee Réckbléck vum Jubiläumsjoer 2020

2020 hun d’Ettelbrécker Scouten hir 100 Joer gefeiert

Emol Scout ... ëmmer Scout ...

NEWS

BA 2025

Am Kader vun hirer 1. Generalversammlung als asbl, hunn d’Ettelbrécker Scoute mat vill Freed den Erléis vun hirer Bonne Action um Ettelbrécker Chrëschtmaart 2025 verdeelt. Am Ganze 5.190 € goungen un dës 3 Projetën : 1.730 € fir d’Amicale vun der Schoul fir...
Cédric

Quizowend 9te Mee

D‘Umeldungen sinn op!
Mellt iech elo mat ärer Grupp un an huelt deel um Quizowend den 9te Mee mat eise Quizmasteren Cédric a Vincent!

Mir kommen äre Beemche sichen!

D’CaraPio kommen äre Beemchen de Samsdeg sichen!
Wéi all Joer mat frëndlecher Hëllef vun de Gemengenaarbechter!

E Stopp fir de Mupp & Scouten a Brasilien

Wat dat mat eisem Chrëschtmaart zedinn huet, a wat mir nach an eiser Spezialversammlung gemaach hunn, liest dir hei

D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn de gréissten edukative Jugendmouvement zu Lëtzebuerg. Eis Missioun ass et, déi Jonk dorop virzebereeden, spéiderhi Responsabilitéit fir sech a fir anerer z’iwwerhuelen. An deem Sënn bidden eis motivéiert Fräiwëlleg de Jonken en oppene Kader, wou jiddereen aktiv matmaachen a matbestëmmen dierf.

Fir mech, fir dech, fir eis, fir jiddereen

Zesummen a Gruppe kann all Eenzele flott Erfarunge maachen, Frëndschafte schléissen, sozial Fäegkeete léieren an sech perséinlech weider entwéckelen. Bei den LGS léieren déi Jonk d’Natur ze respektéieren, iwwer sech selwer an hiert Ëmfeld nozedenke fir sech spéider aktiv, och fir anerer, anzesetzen.