2020 – Ee Réckbléck

 

Séance académique

 

Ugefangen huet d’ Jubiläumsjoer mat der Séance Académique (1. Februar 2020) am CHNP.

  • am Luxemburger Wort (mywort) vum 3. März 2020 S. 35notice légale: © 2021 Luxemburger Wort – Tous droits réservés – Des licences d’utilisation de droits d’auteur peuvent être obtenues à travers www.luxorr.lu

Neie Logo fir eise Grupp

Design vum Anne Backendorf
Inspiratiounen:

Hei zu Ettelbréck, wou d’Uelzecht duerch d’Wisen zéit.

Bëscher wénken, Fielse klénken.

A kënnt dann den Dag wou op de Campéng mir ginn.

Wou d’Scouten zesumme sinn do schéngt ëmmer d’Sonn.

Elementer am Logo:
  • D’Welle vum Waasser sti fir d’Beweegungen; bei de Scouten an an der Gemeng.
  • D’Bréck, e Symbol vun Ettelbréck, verbënnt d’Hiwwelen a schaaft Begéinungen.
  • Deen een Hiwwel ass en Zelt, deen aner mat der Sonn e Mënsch.
  • Dës Elementer trieden och bewosst aus dem Logo eraus als Symbol fir sech opmaachen, rausgoen an och iwert sech erausgoen.

 

 

Täschemesseren

Fir eisen 100-järegen Jubiläum hu mir 2020 och personaliséiert Täschemesseren hierstelle gelooss.
Wann s du Interessi u sou engem Messer hues, da kann s du der iwwert www.saintsebastien.lgs.lu/taeschemesser ee bestellen.
Dëst ass eng super Geleeënheet fir eise Grupp z’ënnerstëtzen.
Merci fir äre Support!

Fotos-Expositioun

Vill Ettelbrécker Geschäfter, d’Ettelbrécker Bibliothéik an d’Par Ettelbréck hu während 3 Méint d’Fotos-Expo “100 Jor Ettelbrécker Scouten” an hire Fënstere gewisen.

Hinnen all en décke Merci!

Historique

Eis Virgänger

Les Buffles BleusBoys Scouts Ettelbréck, eng FNEL-Trupp, gegrënnt schonn 1914.

Géint 1918-1919

gëtt am Kader vum kathoulesche Jünglingsverein en neie Scoutsgrupp lancéiert.

1920

kënnt dann di national Unerkennung – mir sinn op enger Generalversammlung derbäi! Duerno ginn et nees net mi vill Spuren…

1931

gëtt rëm nei gestart, ënnert dem Impuls vum Kaploun Jos Kirch, mat Ënnerstëtzung och vum Dikricher Tony Noesen. Lo kënnt och e ganz aktivt Wollefsruddel derbäi! 1933 kréie mir genee sou äerdeg Rover!

1940

gouf de Verband, also och eise Grupp, opgeléist duerch den Nazirégime. En Deel Ettelbrécker Scouten hunn hiert Liewen am Krich verluer.

1945

gouf de Grupp rëm opgebaut an hat direkt schonn 104 Memberen. Vu lo u stinn och Auslandscampen um Programm.

An de 50er Joere

fluppt et: vill Scouten, vill Aktivitéiten!

An de 60er Joeren

gouf et eng Zäit vun Iwwergang: Sich no Gruppechefs – ganz aktiv Aumônierën – vill Wiessel bei de Chefs – an och eng Rei materiell Problemer. Et war awer och d’Zäit vu ville flotte Stécker Scoutstheater!

An de 70er Joere

fanne mir aktiv Wëllef, Explorer, Pionnéier, Rover – a Gamma zu Ettelbréck! Mir kréien endlech en eegene Chalet – an organiséieren zanterhier eis Scoutskiermes… Och d’Traditioun vun eiser Gruppe-B.A. um Ettelbrécker Chrëschtmaart ass e Kand vun de 70er.

An den 80er

verschmëlzen d’Gamma an d’Wëllef zu engem eenzege Ruddel: allebéid profitéieren dervun.

An den 90er,

no der Fusioun vun LG an LS, gi mir en LGS-Grupp. Heiansdo fanne Meedercher de Wee bei eis. Mat eise Guideschwëstere vum Grupp Ermesinde schaffe mir mol méi, mol manner enk zesummen.

Bis haut

sinn di Ettelbrécker Scoute vun all Alter gäer bei nationalen an internationalen Aktivitéiten derbäi.

Méi Détailer fënns du am Buch 80 Joer Ettelbrécker Scouten – e laangen Dag.

An noer Zukunft kënnt och en neit Fotosbuch 2000-2020 als Complément.