Eis Cheftainen a Chef sinn ee vun de Grondpilieren, ouni déi de Grupp net funktionnéiere géing.

Aktuell hu mir am Grupp eng 25 Cheftainen a Chef, vun deenen der e gudde Grapp voll d’ganzt Joer iwwer alles ginn, fir flott Versammlungen ze organiséieren, cool Sortien ze plangen, Gruppenaktivitéiten mat ze organiséieren, an di Jonk esou op hierem Wee ze begleeden an ze ënnerstëtzen.

Eis Cheftainen a Chef si benevol a forméiert, wat heescht, dass si niewt dem Running Business zu Ettelbréck och nach eng Formatioun matmaachen, wou si villes vermëttelt kréien, wat een als Cheftaine/Chef esou brauch.

Den Ofschloss vun där Formatioun ass de STAP, e Formatiounscamp zesumme mat Cheftainen a Chef aus dem ganze Land. Dëst Joer si mir houfreg, dass zwee vun eise jonke Chef, de Cédric an de Roy, dëse Camp matgemaach hunn, an sech elo geschwënn Truppechef nenne kënnen a Campen umelden dierfen.
Si kréien dee Moment och de staatleche Brevet C (Animateur) iwwereecht.

Mir siche permanent jonk interesséiert Leit, déi no engem neien Challenge sichen, a sech an der Jugendaarbecht ngagéiere wëllen. Wanns du mam Gedanke spills, da mell dech einfach iwwert de Kontaktformular op eisem Site : https://saintsebastien.lgs.lu/mir-brauchen-dech/