Alternativ Scoutskiermes 2021

Scoutsmass (Samschdes, den 8. Mee 2021)

Wou? Zu Ettelbréck an der Kierch

Wéini? Samsdeg, den 8. Mee um 17:30 Auer

Wichteg: D’Plaze si limitéiert an eng Umellung ass obligatoresch fir un der Mass kënnen deelzehuelen. Umellen ass juste telefonesch iwwert d’Nummer 621532775 méiglech (Mëttwochs a Freides | 10:00-12:00 an 17:00-19:00)

Kiermesmenu (Sonndes, den 9. Mee 2021)

Ähnlech ewéi bei eisem Wanter-Iessen dësen Dezember, wäerte mir nees een Iessen-To-Go organiséieren.

Des Kéier um Menu steet Ramen, eng traditionell japanesch Zopp. Des wäerte mer an enger méi klassescher Versioun mat Rëndfleesch an an enger vegetarescher Versioun zoubereeden.

Den Dag selwer wäerte mir moies beim Scoutschalet d’Iessen an Amaachglieser erausginn.

Bestellungen bis spéidstens den 2. Mee iwwert https://saintsebastien.lgs.lu/kiermesmenu