Haut de Moien si mir opgestanen an haten direkt mol Bekanntschaft mam kale Wieder gemaach. Mir sinn iesse gaangen an zur Ofwiesslung krute mir Mellechrais mat Gebeess a Brout mee dëst ouni Gebeess. Wärend dem Iessen hate mir eisem Gebuertsdagskand Max, deen elo volljäreg ass, den Happy Birthday gesongen an dunn goung et direkt lass mat 18 klenge Challengen. Dozou gehéieren z.B de ganzen Dag mat enger Plooschter op der Stir ronderëm lafen, een Tauschspill maachen, sech verbuedenerweis Féiss ënnert dem Krunn wäschen, a.s.w. De Rescht vum Moie souze mir am Café an hunn eis opgewiermt. Nom Mëttesiesse ware mir och erëm am Café an hunn eis Zäit mat Gesellschaftsspiller erëmbruecht. Den Owend ass ee Grupp vun eis Seegele gaangen. Nom Seegele goufen nach puer Spiller a Lidder gesonge mat eiser finnescher Partnergrupp.Am spéiden Owend goufen nach puer Gesellschaftsspiller gespillt.

 

Erkenntnis vum Dag :

Et kann een een Donut mat engem Bëss iessen.

 

Wéinst Mangel u weideren Fotoen vun haut, hei nach puer Fotoen aus dem Koli Nationalpark.