Haut si mir ganz agréabel erwächt, well  d’Temperatur de Moien ee gutt Stéck méi kal war wéi soss. En plus hate mir haut vill Wand, wat no der finnescher „Hëtztwell“ (28 Grad Celsius) ganz angenehm war. Eng weider Iwwerraschung war,  dat et mol eng Kéier keen Haferbrai, mais Milchreis gouf. Dunn hunn mir eis mam Bus iwwer 90km zesumme mat den israeleschen an englesche Scouten a puer Finnen Richtung Koli, engem National Park, gemaach. Op der Platz ukomm, goufe mir doriwwer informéiert, dat och een Téléphérique erop op d‘Plaatz fiert. Mais als gutt Scouten hu mir natierlech déi 215 Trapen an Ugrëff geholl. Uewen ukomm hu mir dunn ee klengen Trëppeltour gemaach nodeems mir eng Ausstellung iwwert den Nationalpark besichtegt hunn. Ee klenge Fakt zum Park ass z.B dat do Bieren, Wëllef an och Fiiss liewen a säit dem 16 Joerhonnert och Mënschen déi Regioun bewunnen. Op eisem Trëppeltour hu mir déi phenomenal Aussicht op de Séi genoss. Insgesamt hu mir méi Zäit mat Fotoshootings verbruecht, ewéi den Tour gedauert huet. Zeréck beim Naturparkzenter ukomm, gouf et dunn ee gudde Maufel z’iessen. Mir ware frou ze gesinn, dat endlech och mol Uebst offréiert gouf. No dem Iessen hunn sech puer vun eis op en Neits op de Wee gemaach, wärend déi Aaner sech gesonnt hunn oder eng Taass Kaffi drénke waren. Iwwert eng schwaarz Schipist ass et dunn steil no ënne gaangen, sou dat dat ganzt net evident war. Mais si sinn ganz ukomm an haten nach Energie mat eisen israelesche Kollegen ze danzen. Owes hate mir eng schéi Sous-Camp Veillée, wou mir d‘Lidd „Wann’s du frou bass an du weess et…“ vir gedroen hunn. Zum Schluss vum Dag hunn eis Guiden d‘Raroversprieche gemaach an d’Scouten hunn mat eiser finnescher Partnergrupp nach Spiller gemaach.

D‘Erkenntnis vum Dag:

Finnen huelen „Botter um Bréitchen“ ze wuertwiertlech