Den Dag haut war fir vill vun eis zimlech relax. Un dësem Besucherdag op deem mir onverständlecherweis keng Visiteuren, an puer och nach keng Chargen haten, haten der vill een fréien Dag. Déi meescht fräi Minutten goufen virun der Leadersbar an enger Lige verbruecht. Tëschenduerch gouf beim Wikingerschach vum Félix eng nei Methodik d’Grass ze méinen entwéckelt an perfektionéiert. Och huet eng Rei un Erzieler beim Loup-garou mol erëm Bäihëllef zum Mord geleescht. Aner Aktivitéiten goufen vun den ronn dausend jonken néien Participanten um Camp belagert. Par Conséquence dauert d’Spullen dank Waardezäit ab elo gutt mol eng hallef Stonn. Well dat véier mol den Dag muss gemaach ginn ass den Dag dann awer och méi schnell eriwwer gewiescht wei sos.

Een Deel vun eis huet haut awer och misse vill schaffen. Dorënner d‘Lynn, d‘Léini, d‘Julie an de Mathis, déi hier frësch erléiert Sumoringerkënscht un hier Padawane konnte weiderginn. Währenddessen huet d‘Jil seng Meeschterprüfung am Pizzabaacken erfollegräich bestanen. Allerdéngs gouf et vill Kritik fir den feelenden Liwwerservice.
D‘Jil hat sech den Dag virdrun an enger knapper Partie géint d‘Leini an der Course fir de Maillot Jaune duerchgesat! Ee Gléck fir hat, dass d‘Regel, dass de Maillot Jaune net dierf gewäsch ginn, mat grousser Majoritéit ofgesat gouf, wat hat awer net drun gehënnert huet Kaffi- an Schockelasflécken iwwert dem Maillot ze verstreeën.

Erkenntnis vum Dag : Wäsch deng Zänn net beim Krun.