Haut den Moien huet eisen Daag geint 7.30 ugefang. Och wann et hei net sou waarm ass wei doheem, sinn dei meescht duerch d‘Hetzt an den Zelter erwäscht.
Nom Moiesiessen ass et fir eis dann lass gang mat eiser Schaff-Charge um Camp.
Bei eis war de leider net sou immens, an verschiddener vun eis hunn no 20 Minutten Schofswoll an just Finnesch d‘Flucht ergraff. Glécklecherweis waren d‘Subcampleader mega fein an mir duerfen ab muer eis Charge wiesselen.
Bei den Wasseraktivitéiten ass dank dem Rettungsschwemmer Felix an sengen Assistenten alles riicht gelaaf.
Och am Bistro ass vill verkaaft an gerechent ginn; mat Suen handlen kennen d‘Letzeboier joo;)
Dem Max sain heldenhaften Asatz planlos iwwert Campplatz ze laafen ass och gelongen.
Mëttes hunn mir endlech mol eis Konstruktiounen fäerdeg gemeet, sou dass mir den Owend eng Bänk fir ze setzen hunn. (Update: sou ganz faerdeg ass se awer nach net)
Haut war och dei eicht offiziell Iwwerreeschung vum Maillot Jaune: Nodems den Vincent gëschter schon d‘Uniform vergiess an sain Besteck verluer huet, krut hien den gielen T-shirt, deen den ganzen Camp iwwer net duerf gewäsch ginn, als eischten féierlech iwwerreescht.
Nom Owendiessen ass et fir verschiddener vun eis mol sou richteg lassgang; mir waren Seegelen.
Och wann net vill Wand war, war et immens flott den groussen Sei vun allen Saiten kennen ze bewonneren an puer Stonnen um Wasser ze verbrengen. Den Kapitän, d‘Besatzung an dei aner Scouten un Bord waren immens léif, an hunn eis souguer puer Wieder Finnesch baibruecht.
Den Owend hunn mir, wei et sech hei geheiert, an der Sauna auskléngen gelooss.

D‘Erkenntniss vum Daag:
Yks Kaks, op Toilett!

D‘Mysterium vum Daag:
Ween ass d‘Lisa?