Haut hunn mir Helsinki onsécher gemaach.
Den Dag am Dealerverstopp gestart sinn mir schnellst méiglech mam Bus op d’Gare geflücht. Do goufen all Beweismëttelen a Casen verstoppt, virun deem et weider gaangen ass. Fir eis Sënnen ze beichte sinn mer dunn zwou Kierchen besiche gaangen. Um Hafe goung et iwwert de Maart wou mer eis opgespléckt hunn. Et gouf Fësch an ee finneschen Dessert fir déi eng, an eng Pizza fir déi aner. Dunn goung d’ Shoppingtour lass. De Rescht vum Dag gouf da mol alt erëm gechillt. Owes hu mer dun den Zuch Richtung Flughafen geholl, wou mer lo warden bis daat mer eis Rucksäck kënnen ofgin. Stolze Maillot Jaune war de Pitti deen sech do mat een Dram erfëlle konnt.