No der eischter Nuecht seit laangem wou mir an enger Hütt geschloff hunn ass et um 10 Auer op dei läscht Etapp lass gang.
Trotz Reen, net ze verwieselen mat eisen Schweesdrepsen hunn mir eis net enner kreien geloos an sinn dei 9 Km gang. Während der Etapp hatt den Felix den Drang d‘Gras ze hemmelen an Blummen ze plecken an huet dofir missen op d‘Kneien goen. Geint 2 Auer sinn mer ukomm an den Podium deelen sech des Etapp den Felix mat der 1. Platz, d‘Jil mat der 2. an den Vincent mat der 3. Platz. D‘Erliichterung ass grouss an mir sinn traineiert fir nächst Joer den Mount Everest erop ze treppelen. No laangen Stonnen am Zuch sinn mir dun endlech zu Helsinki ukomm. Am Hostel ukomm haten mir eng kleng Iwwerraschung. Eis Kummeren waren nämlech schon besat. Wei deen Problem dann geklärt war konnten mir eis endlech arrichten.
Duerno gouf et nach een 5 Stärren Menu: Miracoli aus dem Paak. An um 2 Auer sinn d‘Luuchten ausgangen an mir konnten schloffen.

Erkenntnis vum Daag: Wann een Motivatioun net huet kann een se och net verleieren.