Haut de Moie si mir gemittlech um 8.00 opgestan an hunn zesumme Kaffi gedronk, fir eis um 10.00 op eis 2. Etapp vun eisem Hike ze maachen.
Déi eng ware schonn top motivéiert fir weiderzegoen, déi aner hunn nach hier Blodere versuecht a ware mat Muskelkater geplot.
Ziel vum Dag: 10,2km bis op Ryläys
Dat klengt net no vill, mee mëttlerweil hunn mir erausfonnt dass et hei vill Bierg op an of geet, an dass de Wee voller Steng a Wuerzelen ass.
Ënnerwee hu mir misse Waasser aus dem Séi ofkachen, well dat hei am Nationalpark déi eenzeg Méiglechkeet ass un Drénkwaasser ze kommen.
No puer ganz géie Montéeë si mir dann géint 17.00 ukomm; op där schéinster Schlofplaz wou mir bis elo hei a Finnland haten.
Mir schlofen an enger ronner, klenger Hütt mat vue op den Nationalpark.
Mir loossen den Owend beim Feier auskléngen a freeën eis muer de Moien bei där flotter Kulisse ze erwächen.
De Max dréit haut de Maillot Jaune, well hien hat Piqueen op der Campplatz vergiess, an awer och net. Long story short: hie war den Topert vum Dag.

 

Erkenntnis vum Dag:

Wann d‘Féiss net duerchblut sinn, kënne se och net wéi doen.