Salut Alleguer!

eis BA rullt!

Dëst ass e kuerzen Update mat puer Statistiken an och Aussoen vun eise Leit um Terrain!

48 Opträg hu mer schonn am Ganzen erfëllt!

Am meeschten zu Ettelbréck a Waarken:

An der Haaptsaach bestinn d’Aktiounen aus Liewensmëttel akafen an/oder Medikamenter siche goen.

Hei eng Partie Témoignagen vun eise Leit:

Lara

Bis elo waren all d’Leit bei denen ech war super fein a frou dass si ob eis zeréck gräife kënnen. An ech fille mech owes richteg gutt wann ech weess dass vill Leit gehollef kruten😊
Mathis
D‘Leit bei deenen ech bis elo war, si ganz dankbar, dass mer hinnen ënnert d‘Äerm graifen. Si soën, dass se nees dorops zréckgraife wäerten.
 
Lynn
vir mëch ass ët wichteg dass mat dëser Aktioun manner Leit ennerwee sin, a sou va vulnerabel Leit geschützt an awer och versuergt gin. Ech hun bis lo just enorm Dankbarkeet als Feedback kritt an daat deet immens gudd 😊 
Sophie
D‘Leit reageieren ganz positif an sinn frou dass mir hinnen Hëllefen.
Och vendeueren oder Leit ronderem ganz begeschtert vun der Initiativ et kritt een oft mol een daum ropgewisen oder souguer gesoot dass se et super fannen.
Och wann een ugeruff kritt soen Leit meechtens schon wei dankbar se sinn
Vincent
Vir mech ass et wichteg Sécherheet vun de Leit ze garanteieren. Ech hunn mat ville Leit geschwat an d‘Unarkennung an d‘Dankbarkeet vir eis benevol Ärbescht wär stark präsent 
Sven
Dei Koppel wou ech war deck dankbar iwwert dei Hellef an Engagement fun den Jonken. An sii geif daat och matt engem Don ennerstetzten.Den Mann an Fraa haaten mir nach puer E-Mailen gescheckt wou sii sech nach engkeier bedankt hunn. Een Mataarbeschter aus dem Cactus huet och gesoot: „ Ech fannen daat super waat dir maachr fir dei eeler Leit“ Noopesch fun der Koppel huet och gesoot dass dei Aktioun eng super saach ass an sii hunn mech och gefroot wei genau daat geng ooflaafen well sii sech eventuell och gengen mellen vu que et och eng eeler Koppel ass . 
Jules
ech freeë mech fir eis “Clienten”, awer och fir eis all, fir d’Erfaarungen déi mer doraus zéie kënnen, an dat gutt Gefill owes wann ee weess, dass een seng Zäit sënnvoll gefëllt huet. 
Catherine
Vun mengem Chef (Apdikter)
Heen ass impressionéiert wat mir an kuerzer Zait errecht hun. An weivill Fraiwelleger derbei sinn😊 – Eng super Aktion, heen huet mech nach nie esouvill um Handy erliewt wärend der Arbecht 😂

Lima

Och wou mir Ziedlen alleng schon ophänken waren do hunn verschidden leit dei mam AUto lanscht gefuer sinn schon een Big Like gewisen an och leit an den geschäfter selwer hunn sech bei eis bedankt fir eist engagement

Haut Sonndeg maache mer Paus, an e Méindeg geet et weider!

Hei kënnt dir eis ereechen:

3 + 2 =