D’Ettelbrécker Scoute verdeelen d’Friddensliicht vu Bethlehem zu Ettelbréck an der Kierch.
Wéini ? Hl.Owend (Freideg, 24.12.21) an der Kanner-Familljemass ëm 16h00.
Präiss : 5€ fir 1 Käerz (mir huelen och Don’en un). Bezuele kann e beim Ofhuelen oder bei der Liwwerung.
Mir bréngen Iech d’Friddensliicht och heem, wann dat fir Iech méi einfach ass.
D’Liwwerung maache mir am Laf vun der Woch vu Chrëschtdag, owes.