Scheckiwwerreechung beim Chalet : 10.03.2018

Mir sinn houfreg fir 3 Projeteën ze stäipen, déi eis vill bedeiten mat jee 1250 € aus dem Erléis vun eisem Chrëschtmaart:

1) Am LIBANON : de Père Elie Daou a senger Suerg fir Kanner a Jugendlech – fir hinnen d’Schoulgeld ze bezuelen, fir datt se hiren Ofschloss maache kënnen – an engem Land, wou di politesch Stabilitéit net garantéiert ass, wou 1 an ½ Millioun Mënsche Schutz sichen virum Krich am Nopeschland Syrien an di eng Leit ëmmer méi arem ginn – iwwerdeems anerer schwéierräich ginn.

2) An HAITI : de Projet vum Sara Ferreira hei vun Ettelbréck – e klenge Projet, dee geziilt mat Leit schafft, fir hir eegen Situatioun ze verbesseren – Schoulbau/resp. rëm Opbau hunn 1. Prioritéit.

3) Am NIGER : de Projet vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten mat de Guiden a Scouten aus dem Niger. Ënnerhale vum Centre de Formation: Cyber-Café fir Jugendlech aus der Géigend + Radio Statioun fir de Quartier : Programm Gesondheet a Sozialisatioun wou  d’Leit sech aktiv bedeelegen.

Vu ganzem Häerz soë mir alle Leit e grousse MERCI, déi eis ënnerstëtzen mam Kaf vun eise selwer gebastelten Dekorgéigestänn an nach villen aneren Saachen, déi eis hir Mënz stëften, déi d’Adventskalenner-Käerze kafen – an eisem “Scoutsduerf” hire Pättche Glühwäin/waarme Viz drénken an sech ee séisse Paangech oder/an e säftege Panzerotti gutt schmaache loossen.