Haut war et hei 9 Grad, vill Wand a Reen. Deementspriechend huet och eise Programm ausgesinn: Mir hunn eis entweder an der Leadersbar oder an der Arena gewiermt. Op deenen 2 Platze war reegelméisseg probéiert ginn eis eraus ze kieren.
Dat wichtegst Ziel vum Dag war haut, Handyen a Powerbanken virum Hike oplueden, dëst huet reegelméisseg zu engem Steckdouse Clinch gefouert. Duerch de Reen si mir elo gutt preparéiert fir den Hike, well eis Zelter sinn elo schéin naass.
Mir hoffen dass de Wiederbericht richteg ass an dass et ab muer effektiv nees 10 Grad méi a kee Reen ginn.
Et gëtt Zäit de Camp hei ze verloossen an op en hoffentlech spannenden, flotten an net ze ustrengenden Hike ze goen. Den Owend gëtt gepaakt an da si mir prett fir um 5 nees opzestoen.
D‘Erkenntnis vum Dag (vun eisem Sous-Camp Chef) :
Finnish summer is the best day in the year.
Salut dir RA RO!
Da kënnt dir lo beweisen, wéi een “duerhält, och wann et Krempes kascht” – dat gëtt jo schons vun de Wëllef verlangt!
Ech wënschen iech e wonnerschéinen HIKE trotz dem kale Wieder – passt op – et gëtt jo allerhand Gedéiech – wéi d’Bieren a Wëllef um Héichplateau – also bleiwt um Wee. Denkt un d’Rotkäppchen.
Gudd Juegd
Lenks Patt
claire