Nodeems mer gëschter schon fréi opstoë geübt hun, hu mer haut nees géint halwer 6 (respektiv halwer 5 lëtzebuerger Zait) dru misse gleewen. Um 7 Auer si mir dunn vun Helsinki mam Zuch gestart fir eis op de Wee op Nurmes ze maachen. Zu Joensuu si mir dunn ëmgeklomm. Do hu mir net schlecht gestaunt, dat den Zuch nëmmen ee Wagon hat. Sou war et schéin kuschelesch am Zuch. Et ass awer alles gudd gaang, sou dat mir géint 15 Auer zu Nurmes ukomm sinn. Do gouffe mir dun häerzlech begréißt an op d’Campplatz gefouert. Do hate mer just genuch Zäit fir eis Zelter opzeriichten, du kruten mer och schon eis Chargen erklärt. De Felix ass beispillsweis Deel vun de Rettungsschwëmmer ginn.
Um 5 gouf et dun e gudde Maufel z’iessen.
Dono hu mer eis Partnergrupp e bësse besser kennegeléiert (Bananas of the world, united!) a si mat enger Laurentzia an d‘Schweese bruecht.
Um 7 hu mer un enger Eröffnungsfeier deelgeholl, déi leider ganz op Finnesch war. Uschléissend gouf et nach eng Kéier eppes z‘iessen.
Erkenntnis vum Dag:
Lo späitzt e rëm an de Mikro..
Salut dir Rover a Ranger, MERCI fir äert Logbuch ! Ech hat geschter mam Felix sengem Papp rieds – awer he wosst just, datt dir gutt zu Helsinki ukomm sidd.
Dir musst lo finnesch léieren – ee Wuert kann ech nach haut: AUTOKUMPUU = “decken Hiwwel – resp. decke Bauch” (kennt aus menger “jugendlecher Zäit”. an dat ass laang hier.
De Fel an ech fréeën eis, all Dag vun iech ze héieren – !
Gudd Juegd fir d’Wëllefcherschef
Lénks Patt
claire a fel