s

Opgepasst!

Ettelbréck, de 27. Abrëll 2019.

Léif Frënn, Bekannter an Interesséiert,

Den Ettelbrécker Scoutsgrupp LGS Saint Sébastien wëllt Iech heimat matdeelen, datt Samsdes, de 4te Mee, déi traditionell Kiermes net, wéi gewinnt um 14 :00 ugeet, me réischt um 19:00.

Dës Decisioun ass geholl gi fir de Membere, Frënn, Ënnerstëtzer a Bekannten d’Méiglechkeet ze ginn, fir um Begriefnes vum Chef-Scout, SAR dem Grand-Duc Jean, derbäi ze sinn.

Déi ugekënnegt Mass an der Däichhal, Samsdes owes um 19:00 ass dann de Startpunkt fir eis Kiermes.

Mir feieren dës Mass als Merci an Erënnerung fir eise Chef-Scout, SAR de Grand-Duc Jean, a fir all lieweg a verstuerwe Memberen a Frënn vun den Ettelbrécker Scouten.

Sonndes ass de Programm vun der Kiermes onverännert a fänkt, wéi gewinnt, um 11:00 an der Däichhal zu Ettelbréck un.

Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech an Är Ënnerstëtzung.

Wat ass lass?

Samsdes um 19 Auer

Scoutsmass an der Däichhal

Sonndes ab 11 Auer

Apéro, Grill, Fritten, Kaffisstuff, Eisekuchen, Tombola, Corbeillen, Bichermaart, Floumaart

No 14 Auer: Atelieren a gratis Spiller

um 15 Auer: Concert mam Jeannot BUCHLER

Wat gëtt et z’iessen?

Menüer fir Sonndes

Wichteg!

Mellt Iech w.e.g. onbedéngt bis den 28. Abrëll 2019 fir d’Menüer un.

  • Weny-Lambert 81 04 15
  • Menster-Schaaf 691 81 68 35

D'Kiermes op Facebook

Lued hei déng Facebookkolleegen an!