7ten Dag : Hike zweeten Dag
No enger laanger Nuecht ënnert dräi Trépieden an engem kuerze Moiesiessen goung den Hike och scho weider. Nodeems d’Avex hire Picknick preparéiert hate krute si och déi éischt Koordinaten, mat deene si wéi bei enger Schnitzeljuegd hire Wee duerch d´Musellandschaft fanne missten. Si goufen duerch Wéngerten an duerch Bëscher geschéckt, mee well sech puer Patrulle verlaf hunn ass just ee Grupp um Zil vum Hike, dem Haff Réimech ukomm. Dunn war och scho Mëtten an d’Avex sinn an d´Schwämm gaang. Nodeems si all e flotte Mëtten an der Bausseschwämm vu Réimech hate sinn d’Adventuren an d’Exploxer mam Bus nees op d’Campplaz gefuer, fir sech d’Owesiessen ze kachen. (Heidi)