Eis jonk Memberen hëllefen op der Scoutskiermes mat.

Si betreie Spiller, zervéieren an der Mëttesstonn, an hëllefen do, wou si gebraucht ginn 🙂

An hiere „Schaff-Pausen“ kënne si da selwer vun den Atelieren a Spiller Gebrauch maachen.

Sou stärke mir d’Zesummegehéieregkeetsgefill vum Grupp a vermëttelen d’Aarbecht, déi néideg ass fir esou e flott Fest ze wuppen

De Revenu vun eiser Kiermes hëlleft dann duerno d’Aktivitéite vum Grupp (Versammlungen, Weekender a Campen) matzefinanzéieren.

#guidenascouten #zesummestaark #learningbydoing