Samschdes (11.05) Owes huele mir de Paschtouer aus der Kierch eraus, a feieren zesummen mat allen Ettelbrécker eis Scoutsmass an der Däichhal 🙂

Eis Scoutsmass ass eng Familljemass, déi sech un all Alter riicht. Scoutslidder, Sketcher, an de Kader maachen et zu enger flotter Versammlung, aus där ee spirituellen Input zéie kann a Gedanke mat op de Wee kritt.

Duerno ass jiddereen invitéiert, schonn en éischten Tuer iwwert de Floumaart ze maachen, a beim Patt nach e wéineg ze schnëssen.

Rendez-Vous ëm 17:30 Auer an der Hal oder och schonn an der Stonn virdrun, wou mir d’Lidder prouwen.

Kommt gutt duerch d’Woch, mir gesinn eis op der Scoutskiermes! 🙂 

#guidenascouten