Nodeems d’Chef sech den Dag virdrun op der Campplaz installéiert haten, hu sech och d’AvEx haut de Moien um 10 Auer beim Chalet getraff, fir sech op de Wee Richtung Eckfeld ze maachen.

Mëttes ukomm goufen d’AvEx an hier Elteren du mat Gegrilltem a Waassermelounen empfaangen.

Kuerz drop gouf ugerappt fir d’Zelter opzeriichten.

Nodeems dës stoungen, gouf den Iessberäich an d’Kichen vun eis all an Ugrëff geholl.

Dës goufen dunn owes direkt benotzt fir lecker Croque-Monsieurs ze maachen an z’iessen.

Owes hu mer eng grouss Ronn Jeopardy gespillt an hunn dono den Dag mat enger Ronn Loups-Garous ausklénge gelooss.