Porte Ouverte am Scoutschalet

De Samsdeg, 16te September, invitéiere mir all interesséierte Mënsch, emol laanscht luussen ze kommen.

Wéi ass et bei de Scouten? Wat mëcht een do? Ass dat eventuell eppes fir mech oder mäi Kand? Wéi wier et, selwer als Cheftaine oder Chef aktiv ze ginn? Wéi gesäit de schicke Chalet vu bannen aus?

Fir d’Äntwert op dës an aner Froen ass eis Porte Ouverte the Place2be!

Eis benevol Cheftainen a Chef sti prett fir Iech méi iwwert d’Guiden- a Scoutsmethod ze zielen a gläichzäiteg e puer Aktivitéite mat deene Jonken ze maachen 🙂

 

#guidenascouten #lgs #nonformaleducation