De Wecker schellt, et geet lass! D‘Zelt agepaakt an an de Bus geklomme. Dee féiert eis op d‘Gare vun Nurmes. Schlecht Nouvelle! Den Zuch kann net fueren, d‘Gleis ass duerch en aneren Zuch blockéiert. Eng hallef Stonn drop ass en Ersatz do: mam Bus geet et elo direkt op Joensuu. Do hu mer Zäit fir eis Waasserfläschen opzefëllen an all op d‘Toilette ze goen, dono geet et mam Bus Richtung Nationalpark Koli. Do ukomm pake mir en Deel vun eisem Gepäck an e Schléissfach a maachen eis géint 1 Auer mat nëmmen de néidegste Saachen op de Wee, et stinn 18 Kilometer Trëppelen um Programm. No enger Rëtsch Pausen, géie Montéeën, flotte Vuen an enger Faart mat engem Flooss komme mer kuerz virun 9 Auer un a riichten eis Zelter op. Leider ware mer nach net ganz do an haten eis Zelter op e privaten Terrain gestallt. Fir net ze bezuelen hu mer d‘Zelter kuerzerhand an d’Luucht gehuewen a sinn déi leschte Meter sou bewältegt. Kuerz virum Iessen e klenge Schock: de Gaskocher geet a Flamen op. De Problem war awer séier geléist a mir hunn einfach um Feier an enger Hütt nieft den Zelter gekacht. Et huet gutt geschmaacht an all Mënsch gouf sat.

Erkenntnis vum Dag:
Gas léisst sech net mat Waasser läschen.
Et ginn och Campinger ouni Hollänner.

Anhang:
De Punkten-Maillot geet haut un de Vincent, deen 3 vu 4 Biergwäertunge vir sech konnt entscheeden. Déi zweetmeescht Punkte krut de Max.
De grénge Maillot geet un de Pitti, dee sech am eenzege Sprint vum Dag géint de Vincent konnt duerchsetzen.