Den Dag haut war fir vill vun eis zimlech relax. Un dësem Besucherdag op deem mir onverständlecherweis keng Visiteuren, an puer och nach keng Chargen haten, haten der vill een fréien Dag. Déi meescht fräi Minutten goufen virun der Leadersbar an enger Lige verbruecht. Tëschenduerch gouf beim Wikingerschach vum Félix eng nei Methodik d’Grass ze méinen entwéckelt an perfektionéiert. Och huet eng Rei un Erzieler beim Loup-garou mol erëm Bäihëllef zum Mord geleescht. Aner Aktivitéiten goufen vun den ronn dausend jonken néien Participanten um Camp belagert. Par Conséquence dauert d’Spullen dank Waardezäit ab elo gutt mol eng hallef Stonn. Well dat véier mol den Dag muss gemaach ginn ass den Dag dann awer och méi schnell eriwwer gewiescht wei sos.
Een Deel vun eis huet haut awer och misse vill schaffen. Dorënner d‘Lynn, d‘Léini, d‘Julie an de Mathis, déi hier frësch erléiert Sumoringerkënscht un hier Padawane konnte weiderginn. Währenddessen huet d‘Jil seng Meeschterprüfung am Pizzabaacken erfollegräich bestanen. Allerdéngs gouf et vill Kritik fir den feelenden Liwwerservice.
D‘Jil hat sech den Dag virdrun an enger knapper Partie géint d‘Leini an der Course fir de Maillot Jaune duerchgesat! Ee Gléck fir hat, dass d‘Regel, dass de Maillot Jaune net dierf gewäsch ginn, mat grousser Majoritéit ofgesat gouf, wat hat awer net drun gehënnert huet Kaffi- an Schockelasflécken iwwert dem Maillot ze verstreeën.
Erkenntnis vum Dag : Wäsch deng Zänn net beim Krun.






Salut dir Ranger Rover vun Ettelbréck,
ech hunn eng kuerz Fro a wäer frou, wann dir e bessen Zäit hätt, fir mir ze ëntwerten.
Ech war däer Meenung, dir wäert op engem RA RO Camp – awer ech gesinn op de Fotoën vill ganz jonk Scouten !
Sidd dir als RaRo am Staff ? oder si just di gréisser Aktivitéiten zesummen?
Sinn och nach aner Scouten aus anere Länner do ?
Merci am viraus
ech si gespant op d’Ëntwert
Lenks Patt
a gutt Juegt !
claire
Hallo Claire,
ma et ass e Camp mat allen Alterskategorien, bessi sou ewéi um GoUrban.
Mir als RaRo hun Chargen, à la an der Bar schaffen oder eng Aktivitéit leeden. Also mir sinn Deel vum Staff.
Et sinn nach Finnen, Israeli, Russen a Britten um Camp.
Lenks Patt,
Mathis
Merci Mathis fir deng INFO.