De Moien huet ugefaangene mat enger Gamelle voll Haferbrei, dono goung et och fir déi éicht well erëm lass op hir Atelieren.
Well um Camp de Sport fir verschiddener net däerf feele guff och well en Workout vum Vincent ugebueden an déi déi net grad am gaange ware mat wäschen oder sou ze maache wei wann se eppes géife maache fir kee Sport mussen ze maachen, hunn mat gemaach.
De wichtegste Géigestand hei um Camp wei mir mëttlerweil festgestallt hunn ass de Moustiquesspray, wann een 1 Minutt net oppasst oder vergiess huet sech anzesprayen kann en fest domat rechne vun deene klenge Biester zerfleescht ze ginn.
De Maillot Jaune däerf haut vum Felix mat groussem Stolz gedroe ginn, no enger Urofstëmmungsronn gëschter Owend war hien zum gréissten “Topert” vum Dag gewielt ginn.
Trotz Maillot Jaune huet de Felix seng Aarbecht als Rettungsschwëmmer gutt gemeeschtert.
Verschiddener vun eis kruten en neien Atelier zougedeelt, de Mathis an ech hunn dat direkt ausgetest an ech war de kloren Verléierer.
De Mëtten hu mir Stand-Up Padelling ausprobéiert wat och amfong bei jidderengem gutt geklappt huet ausser beim Pitti den duerch säi grousse Stolz um Bried sech de riichte Wee op d‘Nues geluecht huet.
No dëser fulminanter Stand-Up Padelling Sessioun hu mir probéiert en Flooss ze baue leider ouni Erfolleg.
Ween sech elo freet firwat bauen si ë Flooss wann se net mol eng Bänk fäerdeg bauen, ma déi ass de Mëtte fäerdeg gemeet ginn.
Verschiddener hate Karaoken ausprobéiert dozou kann ech nëmmen ‚Yks Kaks a fort’ hei soen.

D’Erkenntnis vum Dag : De Felix ass en Rennpäerd