Endlech war et sou wäit. Um 8 Auer hunn mir eis um Findel getraff, vun wou mir aus de Fliger op München geholl hunn. Et war ausgemaach, dat den Läschten den géif ukommen een Maillot jaune de ganzen Dag misst droen. Dommerweis gouf den awer vergiess, … wat ee Pech awer och 😉

Um 10 Auer ass eise Fliger ouni Probleemer geland a mir sinn méi oder manner fit zu München ukomm. Do haten mir dann eng gemitllech Mëttegpaus, wou et dann um 15h weider gang ass op Helsinki.

Wou mir zu Helsinki ukomm sinn, haten mer bessen Probleemer d‘Schëlder ze verstoen an bei der Organisatioun vum Bus. Mais wann een Guiden dobai huet, kann naischt schief goen, sou dat mir dunn eisen Hostel fonnt hunn. Et war ee gudde Start an een hoffentlech coolen Camp an Finnland.

Erkenntnis vum Dag :

Och ee Chinese kann eng Pizza maachen.