Wéi Mëtt Mäerz de Confinement ugefaangen huet, ware virun allem vill eeler a vulnerabel Leit vun haut op muer op Hëllef ugewisen. Fir si ze entlaaschten, stoungen d’Ettelbrécker Guiden a Scoute vum 17te Mäerz u bereet. 

 

Mir ware fir d’Leit akafen, kleng Kommissioune maachen, wéi zum Beispill mam Hond spadséiere goen oder bei den Optiker goen an hinne Medikamenter aus der Apdikt bréngen. Mir hu mat der Apdikt Petry vun Ettelbréck zesumme geschafft, soudass mir d’Medikamenter un der Säitendier konnten ofhuelen ouni ran ze goen. Am ganze 437 Opträg konnte mir erfëllen. (Cf. Grafik)

Mir hate grousse Succès mat eiser Aktioun an hunn eis gutt missen organiséieren, fir dass alles geklappt huet. Et huet och eng gewëssen Disziplin erfuerdert, d’BA iwwert sou vill Wochen duerchzezéien. Eng zwanzeg jonk Guiden a Scouten ab 17 Joer ware méi oder manner aktiv un der BA (Bonne Action) bedeelegt: Si konnten nei Erfarunge sammelen an hu vill nei Leit kennegeléiert.

Sou seet d’Lara: “Bis elo waren all d’Leit bei deenen ech war super fein a frou, dass si ob eis zeréck gräife kënnen. An ech fille mech owes richteg gutt wann ech weess dass vill Leit gehollef kruten😊”

 

An och d’Sophie krut ganz vill dankbare Feedback: “D‘Leit reagéiere ganz positiv a si frou, dass mir hinnen hëllefen. Och d’Vendeuren oder Leit ronderëm si ganz begeeschtert vun der Initiativ: et kritt een oft mol een Daum erop gewisen oder souguer gesot, dass se et super fannen. Och wann ech ugeruff gi soen d’Leit meeschtens scho wéi dankbar se sinn”

 

 

Als Zeeche vun där Dankbarkeet hu sech vill Leit ganz generéis gewisen an eis oft e Merci a Form vu Séissegkeeten, selwer gestréckten a gebitzte Saachen an och Drénkgeld matginn. 

 

Am Ganze krute mir sou iwwert 3900€ un Drénkgeld zesummen, a maachen doraus eis eege kleng BA: zesummen hu mir decidéiert all dës Suen un d’ONGD “Guiden a Scoute fir ENG Welt” virun ze ginn.

 

D’ONGD “Guiden a Scouten fir ENG Welt” ass eng « Association sans but lucratif ». Si bekëmmert sech ëm d’Virbereedung, d’Realisatioun an d’Gestioun vun nohaltegen Entwécklungsprojeten, dat Ganzt a Partnerschaft mat Organisatiounen aus verschiddenen Entwécklungslänner. 

Méi Informatiounen op www.ongd.lgs.lu

 

 

Leider hu mir den zweete Mee mat eiser BA missten ophalen, well déi meescht vun eis rëm op d’Uni oder an d’Schoul hu mussen zeréck goen. Mir hunn eis Aktioun un d’Ettelbrécker respektiv un d’Schierener Gemeng weiderginn. Grousse Merci un dëser Plaz och un de Club des Jeunes Schieren. Eis Clienten hunn et schued fonnt, dass mer géifen ophalen. Eis ass et och schwéier gefall, well sou wéi d’Lynn sot, baut een a sou kuerzer Zäit eng Bindung zu de Leit op. 

 

Ab September starte mir dann och (hoffentlech) erëm mat eisen normalen Guiden- a Scoutsversammlungen, a freeën eis iwwert all neie Member!

 Zu Ettelbréck ginn et zwou LGS-Gruppen: 

d’Guide vum Grupp Ermesinde ass just fir Meedercher, an

d’Scoute vum Grupp Saint Sébastien ass oppe fir jiddereen.

 

Mellt Iech gären per Email:

Guiden: ermesinde.ettelbruck@lgs.lu 

Scouten: scouten@saintsebastien.lgs.lu 

Weider Informatiounen an Neiegkeeten och um Site vun de Scouten: www.saintsebastien.lgs.lu an um Facebooksite vun de Guiden: www.facebook.com/GruppErmesindeEttelbreck/

Statistiken