Badger! Dat war de Motto vum Dag. No engem verspéiten Moiesiessen hunn d’Avex hir Kiche vergréissert an du gouf schonn d’Mëttesiesse gekacht, Nudelszalot, Duerno hunn d’Chef hiren Avex d’Badger erkläert an dunn hate si dee ganze Mëtten Zäit Badger ze sammelen a kreativ ze sinn. No engem Mëtten voller Energie hunn d’Explorer gekacht, Geschnezeltes, dunn hu si de Kachconcours preparéiert. Dobäi gouf et zwou Konditiounen: am Haaptplat misst Gourgette sinn an am Dessert misst eng Drauf sinn. Duerno missten d’Avex sech eppes afale lossen fir d’Jury ze iwwerzeegen.