Wieder: Haut
Haut war et am Duerchschnëtt 23 Grad Celsius waarm. Et war sonneg mee et huet een och e puer Wolleken ze gesi kritt. Et war zu 15 Prozent fiicht.
Iessen
De Moien hu mir Bréidercher giess. De Mëtte gouf et da Wrap (Fajita). Den Owend gouf et du nach Kniddelen. Als Gedrénks hate mir Waasser.
Aktivitéiten
Mir hunn de Moie Schleidere gebaut, dofir si mir an de Bësch gaangen an hunn déi schéinste Formen déi mir fonnt hunn ofgeseet, an an eng Schleider verwandelt. Dunn hu mir e bësse probéiert mat eise Schleideren ze schéissen. Nodeems dass mir eis Schleideren ausprobéiert hunn, hu mir nach e bëssen un eise Badgen geschafft, dat heescht mir hunn z.B. Konstruktiounen erfonnt, Sport gemaach, verschidde Geräter dekoréiert an iwwert d‘Natur geschwat a Froen beäntwert.
Stäre Käch
De Mathis behaapt hie wier ee 5 Stären Kach, an de Cédric wier ee gewéinleche Kach.
Wien ass dee gréissten?
De Cédric huet am Interview vum (Luca, Fynn, Tom) gesot dass hie méi grouss wier wéi de Louis.🤭😬
Wouhi flitt den Tom D.?
Mir hu matkritt, dass den Tom D. a China flitt, souguer ouni d’Tara (Tom säin Hond).
FFC
De Fynn ass scho bei 342 Fierz.
Dës Zeitung gouf vum Luca, Fynn a vum Tom gemaach
Maacht iech bereet fir déi nei Zeitung.