Opgepasst!
Ettelbréck, de 27. Abrëll 2019.
Léif Frënn, Bekannter an Interesséiert,
Den Ettelbrécker Scoutsgrupp LGS Saint Sébastien wëllt Iech heimat matdeelen, datt Samsdes, de 4te Mee, déi traditionell Kiermes net, wéi gewinnt um 14 :00 ugeet, me réischt um 19:00.
Dës Decisioun ass geholl gi fir de Membere, Frënn, Ënnerstëtzer a Bekannten d’Méiglechkeet ze ginn, fir um Begriefnes vum Chef-Scout, SAR dem Grand-Duc Jean, derbäi ze sinn.
Déi ugekënnegt Mass an der Däichhal, Samsdes owes um 19:00 ass dann de Startpunkt fir eis Kiermes.
Mir feieren dës Mass als Merci an Erënnerung fir eise Chef-Scout, SAR de Grand-Duc Jean, a fir all lieweg a verstuerwe Memberen a Frënn vun den Ettelbrécker Scouten.
Sonndes ass de Programm vun der Kiermes onverännert a fänkt, wéi gewinnt, um 11:00 an der Däichhal zu Ettelbréck un.
Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech an Är Ënnerstëtzung.

Wat ass lass?
Samsdes um 19 Auer
Scoutsmass an der Däichhal
Sonndes ab 11 Auer
Apéro, Grill, Fritten, Kaffisstuff, Eisekuchen, Tombola, Corbeillen, Bichermaart, Floumaart
No 14 Auer: Atelieren a gratis Spiller
um 15 Auer: Concert mam Jeannot BUCHLER
Wat gëtt et z’iessen?
Menüer fir Sonndes
Fierkel um Spiiss
mat Gromperen an Zalot
Kotlett
mat Zalotebuffet
2 Grillwurschte
mat Zalotebuffet
Zalot
vum Zalotebuffet
Wichteg!
Mellt Iech w.e.g. onbedéngt bis den 28. Abrëll 2019 fir d’Menüer un.
- Weny-Lambert 81 04 15
- Menster-Schaaf 691 81 68 35
D'Kiermes op Facebook
Lued hei déng Facebookkolleegen an!