Haut war schonn de leschte ganzen Dag fir d’Avex an no dem Moiesiessen hate si hiirt Geländespill : eng gallesch Versioun vu Stratego. Bei deem Spill geet et dorëm de Fändel vun der géignerescher Ekipp ze fannen an esou vill Kaarte wei méiglech ze sammelen. Nodeems d’Avex Ekippe gewielt hunn ass d’Spill och scho lass gaang, mee no zwou Partië gouf d’Spill leider ofgebrach. Duerno hunn d’Adventure an d’Explorer hiirt Mëttesiesse gekacht an du konnte si de Rescht vum Mëtte weider un hire Badger schaffen oder de Chef hëllefen schonn d’Chefzelter ofzeriichten. Dunn Owes war schonn d´Ofschlossveillée, vir d’éischt hunn d’Avex Pakalu gemaach an duerno hu si sech op enger Leinwand Biller vum Camp ugekuckt a puer Spiller gespillt. Ganz zum Schluss hu si bis spéit an d’Nuecht Lidder gesong an hu souguer nach e bësse gedanzt. (Heidi)