Cédric Simon

Cédric Simon

Alter: 18 Joer

Branche: RaRo

Gréisst: Méi grouss wéi de Louis😂😂😂

Froen

Fro 1: Firwat bass du an d’Scouten gaangen?

Ä: Ech sinn an d‘Scouten gaangen well meng Schwëster an de Guide war, an hu mir geduecht an d‘Scouten kucken ze goen wéi dat sou ass, an et huet mir ganz gutt gefall, a sinn dunn an de Scoute bliwwen.

Fro 2: Wei gefält et dir als Chef bei den AvEx?

Ä: Et ass ganz flott an ech hunn nach ni dru geduecht erauszegoen.

Fro 3: Wéi vill Badgen hues du schonn?

Ä: Ech hunn ongeféier 20-30 Badgen.

Fro 4: Wat fir eng Badgen hues du?

Ech hunn den Camper an den Kachbadge. Funfact: Um GoUrban krut ech de finnesche Kachbadge well ech sou vill gekacht hunn. Si waren bei mir an der Grupp.

Fro 5: Wat sinn deng Lieblings-Chargen um Camp?

Ä: Kachen, Holzhacken a Konstruktiounen.

Fro 6: Wei fenns du de Camp vun 2018?

Ä: Zimlech flott gelongen, ze waarm, flott Campplaz awer e bëssen ze grouss.

Fro 7: Wei ee Camp war am coolste fir dech?

Ä: Bei de CaraPio vun der Schmëtt bis op Rëmeleng a mengem 2. Joer. Mir sinn vill getrëppelt a mir hu vill nei Saachen entdeckt.

Fro 8: Wei eng Cargen hues du net sou gären?

Ä: Ech hunn d‘Spullen net sou gär.

Fro 9: Wat mëss du an denger Fräizäit, wann s du net an de Scoute bass?

Ä: Musek, Trompett an der Musek zu Ettelbréck. Fotoe maachen, mat Frënn eppes maachen, a spillen gären Basket.

Fro 10: Wat bréngen dir d’Scouten am Liewen?

Ä: Ech hunn an de Scoute kache geléiert, een Ausgläich zum léieren.

Fro 11: Vun 1-10 wei gefalen dir d`Scouten?

Ä: Ech géif eng 8 ginn.

Fro 12: Wei eng Branche huet dir am beschte gefall?

Ä: CaraPio hu mir am beschten gefall.

Fro 13: Ween huet dech dozou bruecht an d’Scouten ze kommen?

Ä: Duerch meng Schwester sinn ech an d‘Scoute komm.

Fro 14: Firwat bass du AvEx Chef ginn?

Ä: Well si dann genau sou al ware wéi ech an de CaraPio an dann ass d‘Autoritéit net sou grouss, AvEx net an si wëssen wéi ee sech beschäftegen kënnen.

Interview vum Tom, Fynn a Luca