Den éischten Dag vun den Avex ass zimlech relax ugaangen. Nodeems jiddereen do war, goufen d’Patrullen opgedeelt a kruten eng Kaart an e Kompass. Domadder misste si de Wee bis bei de Chalet fannen.

Do ukomm gouf gepicknickt an dun hunn d’AvEx relax zwee Zelter an zwou Kichen mat jeweils zwou Kachplacke gebaut an opgeriicht. No dem Owesiessen, et gouf Nuddelen mat rouder Zooss (Penne Bolognese), haate si hir Erëffnungs-Véillée ma Asterix an Obelix an den aneren Gallier. No puer flotte Spiller goung et schonn an d’Zelter.