Haut haten d’Avex hier Visit, no dem Moiessiessen hunn sie hire Picnic prépareiert an sinn dunn bei d’Villa Borg gefuer.
Ukomm bei der aler Villa hu sech d’Avex opgedeelt a goufen duerch d’Kichen, d’Therme/Buedzëmmer, an iwwert de Rescht vum Terrain geféiert.
Duerno si si Bouschéissen a Speerwerfe gaang an dunn weider gefuer.
(bis heihinn ass den Text vum Heidi, ab hei vum Jules)
Net wäit vun der Villa ass nämlech d’Saarschleife, an do gëtt et en Aussiichtspunkt op engem Tuerm mat engem Baumwipfelpfad. Dat ass e Wee deen iwwert eng laang Konstruktioun aus Stol an Holz duerch d’Beem geet, e puer Meter iwwert dem Buedem.
Wéi mir dunn awer beim Ausåsiichtstuerm ukoumen, huet sech och e Stuerm ugekënnegt. Sou just konnte mir nach d’Aussiicht kucken, iert mir eis virum Reenan de Souvenirshop geflücht hunn.
Nom Reen goung et dunn nach bei e lockere Selfiespot, iert mer heem op d’Campplaz gefuer sinn fir ze kachen.
Owes hu mir dunn eng Asterix-Spezialversioun vu Loups-Garoux gespillt.