Gestart sinn déi éischt Chefs haut den Moien um 9 zu Ettelbréck fir dann um 10 Auer zu Réimech d’Schlësselen vum Chalet entgéint ze huelen. Unschléissend goufen déi éischt Saachen opgeriicht an ausgepakt.

D’Julie preparéiert sech schonn fläisseg fir déi éischt Nuecht um Camp. D’Chefzelter goufen den Mëtten vun eis opgeriicht.

Natierlech bleift den éischten Dag och Zäit fir bëssi Spaass an mir hunn eng spannend Partie Minigolf gespillt.

Gewonn huet iwweregens de Cédric cool