Wieder:

Haut waren et 26 Grad Celsius an d` Fiichtegkeet läit ze 27%. Et war sonneg awer et waren och Wolleken um Himmel ze gesinn. Bësse lëfteg🌤.

Aktivitéiten:

Mir hunn de Moie Frühsport gemaach mam Charel K. an mam Charel B.. Dono hu mir Moiesiesse giess. Um 11:30 goufen mir op Manderscheid gefouert fir den Rallye ze starten. Den Owend iesse mir an d`Versprieche gëtt gemaach a Badgen ginn iwwereescht. Déi aus dem drëtte Joer gi lo an d’CaraPio, ÄDDI. Um Ënn vum Owend spille mir ee Volleyball Tournoi.

News

Cédric a Mathis

De Cédric krut mat wat de Mathis gesot huet an hien huet de Mathis och schonn ugegraff, natierlech mat Wierder *hust*.

FFC

De Fynn ass lo op 365 Fierz ukomm… Bedeit dat, dass hien e Jubiläum feiert, wie weess?

Den Tom ass fort

Den Tom D. huet eis verlooss, hien ass fort fir seng Saachen ze paken. Alleguer sinn traureg och d’ Tara, hat duerf net mat fléien.🐶➡️🚫

De Louis

De Louis D. ass och ukomm mee hien ass eis op Manderscheid sichen komm an huet eis gefouert. Mir si frou dat hien do ass.

D'Bianca an d'Marthe

Eis Gäscht sinn haut ukomm um 19:00. Mir hu mat Léift begréisst. Si hu vill mam Jules geschwat.😏

Volleyballstournoi

De Charel K. huet ee Volleyball Tournoi organiséiert, Mannschaften sinn e bëssen ONFAIR mee mir kommen domadder kloer et geet jo em Spaass…ne.👍👍👍Den Här Kohl sot an ech zittéieren: “Ech hunn et Random gemaach“, stëmmt dat?🤔🤔😲

Dat war et mat der Zeitung vum Luca D.B.

Freed iech op Nummer 3.🤣😂😘

Luca D.B.