Scoutskiermes 2024

12. Mee an der Däichhal

Spiller an Atelieren

Traditionnell hu mir och eng ganz Partie Spiller an och e puer Atelieren, fir dass kengem langweileg gëtt, während déi erwuesse Leit matenee schwätze wëllen

vun de Jonken = fir déi Jonk

Eis jonk Memberen hëllefen op der Scoutskiermes mat

E ganz besonnesche Gaascht

Mir si ganz frou, dass d’Geschichtenerzielerin Melissa bei eis kënnt an eis Geschichte vum Bësch matbréngt, déi mir nach ni héieren hunn…

Iessen a Gedrénks

Op eiser Scoutskiermes muss keen hongereg bleiwen.
Op Fierkel um Spiiss an Zalotebuffet, Eisekuch, Kaffi oder einfach eppes Séieres vum Grill : Jidderee fënnt eppes.

Alles no Plang!

Mir riichten d’Scoutskiermes op!

Floumaart

Dëst Joer ass eise Floumaart op Samsdes Owes no der Scoutsmass, a Sonndes vun 11:00 bis 17:00.

Scoutsmass

Samschdes (11.05) Owes huele mir de Paschtouer eraus aus der Kierch, a feieren zesummen mat allen Ettelbrécker eis Scoutsmass an der Däichhal

Samschdes, den 11te Mee

Ëm 17:30 : Scoutsmass an der Däichhal

Duerno: Buvette & Floumaart

 

Sonndes, den 12te Mee

vun 11:00 un: Apéro, Floumaart

12:00-14:00: Mëttegiessen (op Reservatioun)

Nomëttes:

  • Spiller & Atelieren
  • Eisekuchen
  • Kaffi & Kuch
  • Grill & Buvette

Ganz besonnesch dëst Joer : d’Geschichtenerzielerin Melissa kënnt!

Fir gutt Stëmmung suergt de Bumski