Eis BA : Den Ettelbécker Chrëschtmaart
Den Ettelbrécker Chrëschtmaart ass dëst Joer de Weekend vum 9-10. Dezember.
Traditionell si mir als Ettelbrécker Scouten do mat eisem Stand vertrueden, a verkafe Bastelmaterial a Flammlachs.
Mir notzen den Erléis vum Chrëschtmaart all Joer fir eng B.A. (Bonne Action) ze maachen, a ginn all d’Suen, déi mir während dem Chrëschtmaart verdéngen, als Don virun, un eng Associatioun, déi mir wëllen ënnerstëtzen.
Dëst Joer wëlle mir och Iech Elteren d’Méiglechkeet gin, Iech mat anzebréngen an eis ze ënnerstëtzen.
Am folgende Formulaire kënnt dir eis matdeelen, wan Dir bereet sidd, eis eng Hand mat unzepaken.
Beräicher an deene mir eis Är Hëllef virstelle kënne sinn :
- Bud op- an ofriichten
- Bastelen oder Baken hëllefen am Virfeld
- Präsent sin während dem Chrëschtmaart
Am Formulaire kënnt Dir uklicken, a wéi engem Beräich DIr Iech virstelle kéinnt, ze hëllefen.
Wann Dir nach Froen hutt, da stellt dës gären. Am einfachsten ass et, Dir mellt Iech dofir direkt beim Chef vun Ärem Kand.
Mir soen Iech e grousse Merci am Viraus
[gravityform id=“14″ title=“true“ description=“true“][gravityform id=“14″ title=“true“ description=“true“]