2020 – Ee Réckbléck
Séance académique
Ugefangen huet d’ Jubiläumsjoer mat der Séance Académique (1. Februar 2020) am CHNP.
- op Nordliicht TV : https://www.nordliicht.lu/programm/4747/joer-lgs-st-sebastien-ettelbreck/
- am Reider n°79 Juli 2020 S. 30 vun der Gemeng Ettelbréck : https://ettelbruck.lu/citoyen/wp-content/uploads/sites/2/2020/07/de-Reider_79_Ettelbruck.pdf
- am LGS-Platte Knuet N°2 2019-2020 S. 6 : https://chefbox.lgs.lu/wp-content/uploads/sites/10/2020/04/PK-N2-2019-2020.pdf
- am Luxemburger Wort (mywort) vum 3. März 2020 S. 35 : notice légale: © 2021 Luxemburger Wort – Tous droits réservés – Des licences d’utilisation de droits d’auteur peuvent être obtenues à travers www.luxorr.lu
Neie Logo fir eise Grupp
Design vum Anne Backendorf
Inspiratiounen:
Hei zu Ettelbréck, wou d’Uelzecht duerch d’Wisen zéit.
Bëscher wénken, Fielse klénken.
A kënnt dann den Dag wou op de Campéng mir ginn.
Wou d’Scouten zesumme sinn do schéngt ëmmer d’Sonn.
Elementer am Logo:
- D’Welle vum Waasser sti fir d’Beweegungen; bei de Scouten an an der Gemeng.
- D’Bréck, e Symbol vun Ettelbréck, verbënnt d’Hiwwelen a schaaft Begéinungen.
- Deen een Hiwwel ass en Zelt, deen aner mat der Sonn e Mënsch.
- Dës Elementer trieden och bewosst aus dem Logo eraus als Symbol fir sech opmaachen, rausgoen an och iwert sech erausgoen.
Täschemesseren
Fir eisen 100-järegen Jubiläum hu mir 2020 och personaliséiert Täschemesseren hierstelle gelooss.
Wann s du Interessi u sou engem Messer hues, da kann s du der iwwert www.saintsebastien.lgs.lu/taeschemesser ee bestellen.
Dëst ass eng super Geleeënheet fir eise Grupp z’ënnerstëtzen.
Merci fir äre Support!
Fotos-Expositioun
Vill Ettelbrécker Geschäfter, d’Ettelbrécker Bibliothéik an d’Par Ettelbréck hu während 3 Méint d’Fotos-Expo “100 Jor Ettelbrécker Scouten” an hire Fënstere gewisen.
Hinnen all en décke Merci!
Historique
Méi Détailer fënns du am Buch 80 Joer Ettelbrécker Scouten – e laangen Dag.
An noer Zukunft kënnt och en neit Fotosbuch 2000-2020 als Complément.