
De Moie misste mir eis Rucksäck scho paken, fir dass mir och rechtzäiteg eis Zelter agepaakt kréien. Dann hu mir fir Moies giess, an hunn nach e bësse geschwat a gelaacht. Déi meescht ware frou fir Heem an 2 oder 3 wieren nach bliwwen. Haut spille mir mat Verspéidung de Beachvolleyball Tournoi vum Charel K.. Mir hunn de Mëtteg ee Wupp giess. No dem Mëttegiessen hu mir dunn eis Chargen ausgeüübt an hunn eis nach e bësschen amüséiert. Den Owend kommen d’Elteren fir d’Fiesta a feieren e bëssen dat hier Kanner erëm do sinn (oder och net🤣). Mir gesinn eis 🤣😂😅🎉🎊Do hu mir och nach missten alles organiséieren a virbereeden.
Hoffentlech war de Luca bis dohin mat de Féiss an d’Dusch.
Dat hei ass d’ Enn vun eisen Geschiichten,
bis de Freiden Owend bei leckere Friichten.
De Camp geet lo zu Enn,
mir soen ÄDDI all de Cheffen, zemools dem Ben,
a villäicht bis nächste Kéier zu Rennes.🤓
Luca a Charel K.