
Wéinst enger Verspéidung um Virowend misste mir um 9 Auer opstoen. De Charel B. an de Charel K. (déi zwee mam beschten Numm😂😛) hunn ee Frühsport organiséiert. Mir zittéieren de Lucas: « Dem Charel K. séng Übungen sin richteg bis un d’Grenzen gaang😩 »(wann een se richteg gemaach huet🙄😶). Nodeems di Meeschte freckt ware gouf et schonn neess mat enger Verspéidung Moiesiessen. Dono waren d’Chef gestresst, well mir scho rem ze spéit op de Rallye komm sinn.
De Rallye war gutt organiséiert,
doriwwer huet keen AVEX kritiséiert.
Nom Rallye goung et dann nees zeréck,
fir d’éischt laanscht d’Buerg, dann iwwert d’Bréck.
Mam Besuch hu mir Hamburger giess,
an d’Cheffe scho rem d’Zäit vergiess.
Jidderee war fir säi Badge gespant,
wéi een ee kritt, dermoossen interessant.
Owes krute mir dunn d’Badger verdeelt,
alles war gutt ausser d’Keelt.
Jidderee krut ee Badge,
lo muss just nach gespillt ginn de Volleyballsmatch.
Alles an allem war den Dag awer gutt,
an kee krut eng Rutt.
Luca a Charel K.