Mir misste sou wie all Dag schonn um 8 Auer opstoen😬. Dunn hu mir Kaffi gedronk☕️. Du goung et schonn direkt lass. Mir ware mam Cédric a mam Mathis an de Bësch gaange fir eis gespreitzten Äscht ze sichen. Wéi jiddwereen een hat, hu mir eis ee Stéck Lieder erausgeschnidden an dat dann un eng Ficelle gebonnen. Duerno hu mer d’Ficelle un eisen gespreitzten Aascht gekniet. Dunn konnt et schonns direkt lass goen😃👍.

Mëttes hate mer eis dann lecker Fajitas gemaach🌯. Mir konnten den ganze Mëtteg un de Badgen schaffen. Puer hate mam Tom um Naturbadge🐼 geschafft an puer anerer hunn un hirer Hänkmatt fir de Konstruktiounsbadge🚪 ze maachen. Du konnte mer bësse raschte well owes och nach nach eppes gelaf ass.

Wéi ech lo grad gesot hunn ass owes nach eppes gelaf. Dat war d‘Nuetsspill. Mir haten eis um hallwer 11  prett gemaach vir lass ze goen. Wéi mer ënnerwee waren hu mer eppes haart knuppen héieren. Et war e Jeeër👉🌫 🔞deen owes geschoss huet. Dunn ass en awer gefuer well et soss ze geféierlech vir eis wier. Mir hunn e mega coolt Spill gespillt. Et goufen dräi Gruppen, an all Grupp hat eng Base. Mir misste Saachen bei déi aner Basen klaue goen. Duerno misst ee 6 Saachen vun enger Zort an der Base hunn. Um hallwer 1 ware mer dann zréck. Dat war ganz gutt well mer den nächsten Dag Frühsport haten.

Charel B. a Fynn