
Un dësem Dag misste mer leider scho fréi Moies opstoen😒🚶♂️. Den Hike sollt nämlech schonns um 8 lassgoen. Wärend dem Hike hunn déi Meeschten d’Motivatioun verluer an hu séier opginn. Gott sei dank waren e puer Kollegen dobäi, déi déi aner nach motivéiert krute fir weider ze maachen. Nom Hike hate mir als Mëttesiessen ‘Armer Ritter’ (also eng Mëschung tëscht Brout, Mëllech, Zocker an Eeër). Um hallwer dräi gounge mir dunn an d’ Schwemm a kruten eng Erhuelung😜🙃An do konnte mir eis och ofschalten a voll mat Séissegkeeten vollstopfen.🍦🍬🍫🍟. Owes hate mir nach Fräizäit, wou mir den Hike nach gutt verdauen konnten. Mat enger Spaghetti Bolognese🍝 konnte mir dunn nees Kraaft tanken a ware prett fir Owes bekannt Lidder ze sangen🎵🎶.De Luca an den Lucas hunn eis eppes Klenges op dem Mathis senger Gittar virgespillt.🎸
(Just zur Info: den FFC (Fynn Fuerz Compteur) stoung zu dëser Zäit op 280)
Luca D.B.
Charel K.
Charel B
Salut AvEx a Chef!
Schéin datt Dir sou äifreg Logbuch schreift. Ech wënschen Iech weider nach schéi Momenter op ärem Camp an hoffen, datt Dir alleguerten mat ville flotten Erfahrungen erëm kommt.
Ech si richteg frou ze gesin, datt et nach Leit gëtt, déi op d’manst versiche mat enger Guitar Stëmmung beim Lagerfeier ze verbreeden. Übt nach fläisseg 🙂