
Ee laangen Dag erwaart d’Ettelbrécker AvEx; Den Hike steet virun der Dier. Um Véierel op 10 maache mir eis prett fir um hallwer ze goen. Mat vill Ustrengung maachen mir eis op den Wee bis op Manderscheid😖. Do war et nawell ganz flott👍. Mir si bei de Bäcker gaangen an konnten eis beim Jules sengem Auto eis Bidonen opfëllen👨🏻🍳💧. Du koum een net sou schéint Erliefnis. Mir haten de Fynn verluer😰, hien ass stoe bliwwen fir e Vugel naass ze maachen den op der Strooss louch. Duerno ass et awer erëm séier weider gaangen, an zwar op d‘Oberburg🏰. Schliisslech komme mer op eiser Schlofplaz un, eng Wiss (´Turnierwiese) virun der Niederburg . Well mer sou fréi ukoumen hate mir nach vill Zäit fir eis ze amuséieren⚽️🏸🏉. Als Owesiessen gëtt et Chili con Carne🍛. „Well dat einfach ze maachen ass“, erkläert de Jules. 😅. Wei ëmmer hate mir den Daach mat enger Partie Loups garous ofgeschloss. Mir sollten eigentlech op enger Baatsch schlofen mee déi meescht hunn et net gemaach well se schonn hier Saache prett dohinner geluecht haten.
Adrien
Charel B.