Um zweeten Dag war et ee ganz normalen Moien. All Mënsch war fräi, ënner der Bedéngung, dass mir um 8 Auer 😬😫Moiesiessen haten. Um 10 goung et du lass mat den Aktivitéiten; puer Sënnspiller an eng Lafstaffel. Wärend dem mir eis lecker👍🏿 Croque Monsieurs giess hun, krute mir op komescher Art a Weis annoncéiert, dass de Fynn séng Fierz zielt an zu dësem Zeitpunkt op 120 steht🤢😂. Nom Mëttegiessen hu mer eis mat Parcoursspiller wéi zum Beispill enger Spueresich amuséiert. Och wa mer Scoute sinn, hu mir Owes d’Foussballs Finall gekuckt. Dat war nawell richteg flott! 🤗👍Duerno gouf et eng kleng Belounung🤩. Den Dag hu mir mat enger Partie ‘Loup garou ofgeschloss.😅

Op traureg Art an Weis huet eis dann och leidergottes d’Tara, dem Tom sein Hond, verlooss.🐶😿 (Anmerkung der Red.: d’Tara ass gesond a monter doheem zu Ettelbréck ukomm)

by

Charel K.

Charel B.

Luca D.B