Häerzlech Wëllkomm op eisem Blog vum AgenteCamp 2018 zu Eckfeld.

Hei fannt dir ëmmer déi neisten Updates a Fotoen vum Camp.

Mat vill Motivatioun a gudder Laun si mir, also d’Chef, Freides moies géint 8 Auer beim Chalet gestart an hunn eis Richtung Eckfeld op de Wee gemaach. No der méi oder wéineg laanger Urees hu mer direkt ugerappt an déi éischt zwee Zelter stounge well virum Mëttegiessen. Géint 13 Auer haate mer dunn Nuddelen mat enger Raamzooss a Speck gekacht. Nom Iessen huet et och net méi laang gedauert bis d’Kichen an dat anert Material seng Plaz fond hat. Géint der Owend haate mir dunn den Daag gemittlech mat engem klenge Basketsmatch, enger spannender Partie Beachvolleyball an enger Kéis- an Fleeschfondue ausklénge gelooss a si schloofe gaang.